• Visiten:
  • Besicher 28747

Wat ass de Jugendgemengerot?

Hues du nach Froen? z.B.: Waat den Jugendgemengerot iwwerhaapt ass, wee matmaachen kann oder wei en funktionnéiert.

Da kanns du elo hei alles noliesen.

Stinn dir dono nach Froen op, da mell dech einfach bei eis op eiser Infoline: 26360288

Wat ass de Jugendgemengerot?

  • De Jugendgemengerot ass eng Méiglechkeet fir all Jonk aus der Hesper Gemeng fir regelméisseg iwwert hir Besoinen, hir Uleies an hir Iddien mateneen ënnert Jonker ze diskutéieren an Projeten auszeschaffen.
  • Déi am Jugendgemengerot engagéiert Jonk engagéieren sech esou an hirer Gemeng an iwwerhuelen Verantwortung fir aner Jonk an doriwwer eraus Bierger vun Hesper. Iwwert d'Meckeren eraus kënnen déi Jonk hei konkret Virschléi maachen.

Wee ka matmaachen?

  • All Jonk aus der Gemeng zwëscht 12 an 20 Joer ka Member ginn andeems hien/hatt d'Ënnerstëtzung vu 4 aneren Jonken kritt (duerch eng Ënnerschrëftelëscht).
  • Wat méi Jonker matmaachen wat d'Aarbecht vum Jugendgemengerot méi interessant a wichteg gëtt. Ab 15 Jonker kann et scho lassgoen.
  • Doriwwer eraus kann all Jonken, och ouni Member ze sinn, op d’Versammlunge goen a matschwätzen, ouni awer Stëmmrecht ze hunn.

Wéi funktionnéiert de Jugendgemengerot?

  • 2-5 mol pro Joer treffe sech all d'Jugendgemengeréit zesummen an enger grousser Sëtzung.
  • An der éischter gëtt de Komitee vum Jugendgemengerot gewielt.
  • De Komitee besteet aus enger/engem PräsidentIn, Vize-PräsidentIn, SekretärIn, 2 Memberen an de PräsidentInnen vun den Aarbechtsgruppen. De Komitee invitéiert d'Jugendgemengeréit op di grouss Sëtzungen, këmmert sech ëm de Rapport, d'Presenzen, iwwert d'Décisiounen z’informéieren, se ëmzesetzen, se un de Buergermeeschter a seng Equipe weiderzeginn an de Jugendgemengerot an der Öffentlechkeet ze vertrieden (Presse, Versammlungen).
  • Och ginn éischt Themen ausgewielt un deenen dann Aarbechtsgruppen ufänken ze schaffen. An den Aarbechtsgruppen kënnen Themen diskutéiert ginn a Projeten ausgeschafft ginn fir dann an der grousser Sëtzung Proposen anzebréngen.
  • An de folgenden Sëtzungen ginn dann d'Proposen, déi vun den Aarbechtsgruppen virgeschloe ginn, diskutéiert an ofgestëmmt. Wann de Jugendgemengerot mat der Propose vun enger Aarbechstgrupp averstan ass, kann déi aktiv un der Ëmsetzung schaffen. Och kënnen néi Aarbechtsgruppen aberuff ginn.

Wat kann de Jugendgemengerot maachen?

  • Themen ënnerteneen diskutéieren, iwwert d'Zesummeliewen, Zukunftsperspektiven (z.B. Schoul, Beruff, ...), sozial Themen (Aarmut, Sucht, ...), politesch Themen (Krich/Fridden, Ëmwelt, ...)
  • Projeten ausschaffen, déi dem Buergermeeschter a senger Equipe virgeschloe ginn (Late-Night Bus, Infrastrukturen fir Jonker, ...) oder méi kleng Projeten déi de Jugendgemengerot (Komitee oder Aarbechstgruppen) selwer kann ëmsetzen (Campagne géint Diskriminéierung, Suchtpreventioun, Fräizäitaktivitéiten, Medien, ...)
  • Themen an Projeten diskutéieren déi vum Buergermeeschter a senger Equipe virgeschloe ginn, wou si d'Meenung vun de Jonken wëlle wëssen. De Jugendgemengerot gëtt zu den Themen säin Avis.

Wéi eng Ënnerstëtzung kréien déi Jonk / de Jugendgemengerot?

  • De Jugendgemengerot ass net eleng, mee gëtt ënnerstëtzt vun der Gemeng, der Jugendkommissioun, dem Jugendtreff an der asbl 4motion. Fir praktesch, organisatoresch a finanziell Froen kréien déi Jonk Hëllef. Fir Invitatiounen ze verschécken, d'Versammlungen ofzehalen (Räim, ...), d'Moderatioun vun de Versammlungen, d'Homepage, Projetfinanzéierung, ...